Recent Posts

Post Categories

D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...
Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....

Blog Post

Gesellschaft

Mario Dichter mat engem oppene Bréif un d’Gesondheetsministesch 

Mario Dichter mat engem oppene Bréif un d’Gesondheetsministesch
Image par Syaibatul Hamdi de Pixabay

de Mario Dichter ass e skeptesche Mënsch. A villen Hisiichten! Klimaskeptiker, dat geet jo nach. Da stellt hien d’Impfungen a Fro a kënnt elo mat enger ganz kritescher Astellung wat d’Weltgesondheetsorganisatioun an den ablackleche Krich géint de Corona-Virus betrëfft. Ech maachen hei eng Verlinkung op säi Site Nues am Wand, wou eng Partie Artikelen vun him ze liese stinn, virun allem awer en oppene Bréif,mat 8 präzise Froen un d’Adress vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert:

Aufruf an alle freiheitsliebenden Menschen

D’Froen déi den Här Dichter hei opwërft, sinn allemol ganz interessant, ëmsou méi wou de Planéit duerch de Virus an déi gréisste Wirtschaftskris katapultéiert gëtt zanter dem leschte Weltkrich. An dësem Kontext verweisen ech och op Iwwerleeungen op desem Site vum Gaston Vogel iwwer d’WHO, d’Weltgesondheetsorganisatioun.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *